SAMU am Asaz5 Blesséierter bei 4 Accidenter um Donneschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS hat um Donneschdegmoie virun 8 Auer schonn eng Partie Asätz wéinst Accidenter uechter d'Land.

Géint 6.40 Auer hat et op der A1 Richtung Tréier gerabbelt, dat beim Tunnel Houwald. Hei waren 3 Autoen dra verwéckelt, wat deementspriechend och Repercussiounen op den Trafic hat. Eng Persoun war verwonnt ginn.

Quasi ëm déi selwecht Zäit koum et tëscht Lenzweiler a Boxer zu engem Accident, wou een Auto betraff war. Eng Persoun gouf verwonnt an och den Ettelbrécker SAMU war hei op d’Plaz geruff ginn.

Géint 7.10 Auer huet et tëscht Kietscht a Gréiwels gerabbelt. Hei mellt de CGDIS och ee Blesséierten.

Kuerz virun 8 Auer sinn an der Biedergaass zu Monnerech zwee Autoen net laanschtenee komm. Zwou Persoune goufe verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO