
An der Chamber gouf iwwer déi international Obligatioune vu Lëtzebuerg debattéiert
D’LSAP, déi Gréng an déi Lénk haten dës Debatt ugefrot, nodeems zwou Notte vun der Cellule scientifique vun der Chamber sech mat de Froe vun der internationaler Responsabilitéit vu Lëtzebuerg beschäftegt haten. De Franz Fayot vun der LSAP gesäit an de Conclusioune vun den Notten ee kloren Handlungsoptrag fir d'Regierung:
"Si soen eis, datt eng reng Passivhaltung net vereenbar ass mat de vëlkerrechtleche Verflichtunge vu Lëtzebuerg. Lëtzebuerg muss Mesuren huelen, fir déi illegal Besatzung vun den occupéierte palästinenseschen Territoiren op en Enn ze bréngen a Lëtzebuerg dierf dës Occupatioun weeder aktiv nach passiv ënnerstëtzen."
D’Recommendatioune wieren deemno kloer a gi vun engem Importverbuet aus den illegale Kolonië bis hin zu engem totale Waffen-Embargo. Den DP-Ausseminister Xavier Bettel huet bei senger Interventioun eng vun dëse Mesuren an Aussiicht gestallt:
"Muer [Freideg] um Ordre du jour vum Regierungsrot ass en Text iwwert d’Importverboter vun de Kolonien. Den Text ass deposéiert ginn. Ech wäert deen och dann eréischt presentéieren. Normalerweis soll een net iwwer den Ordre du jour schwätzen. Mee ech hunn op jidder[] Fall de Conseil de Gouvernement saiséiert an ech hoffen, dass mer och muer [Freideg] eis kënnen drop eenegen."
De Franz Fayot huet dës Annonce vum Ausseminister begréisst. De Xavier Bettel huet awer och ënnerstrach, datt national Mesurë, virun allem vun esou klenge Länner wéi Lëtzebuerg, dann awer och vill Symbolpolitik wieren. Den Ausseminister huet sech dofir och fir international Léisunge staark gemaach, awer och ze bedenke ginn, datt déi an haitegen Zäite schwiereg wieren.
Där Meenung war och den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet. Hien huet och d’Conclusioune vun der Cellule scientifique méi kritesch ënnert d’Lupp geholl. Dem Laurent Zeimet no fuerdere komplex juristesch Froen och virsiichteg juristesch Conclusiounen:
"An hei si mer der Meenung, datt d'Etüd vun der Cellule op verschiddene Punkten ze séier zu wäiträichende Conclusiounen a konkreete Recommandatioune koum. Besonnesch bei der Fro, wéi eng Verflichtungen aus dem Vëlkerrecht tatsächlech fir Lëtzebuerg entstinn a wéi wäit dës Verflichtungen national Sanktiounen oder Handelsrestriktioune verlaangen. Eiser Meenung no gëtt net ëmmer mat der néideger Prezisioun tëscht deem ënnerscheet, wat vëlkerrechtlech verbindlech ass, wat juristesch ëmstridden ass a wat schlussendlech eng politesch Entscheedung bleift."
Ënnert anerem gouf och eng Motioun vun der LSAP deposéiert. Dës fuerdert ee komplette Waffenembargo fir Israel an och ee Refus vun Export-Lizenze vu sougenannten Dual-Use-Wueren. Dat si Produiten, déi net just fir d'Zivil-Benotzung kéinten agesat ginn. Dës Motioun gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit refuséiert, mam Argument, datt scho streng Export-Kontrollen hei am Land en place sinn.