
Déi Gréng aus der Stad lancéieren e Sondage iwwer d'Zefriddenheet vun Elteren, deenen hir Kanner an der Stad an e Foyer oder an d'Grondschoul ginn.
Viru véier Joer wier am Stater Gemengerot zwar decidéiert ginn, datt esou eng Ëmfro géif gemaach ginn, ma well dat op Gemengenniveau bis ewell net geschitt ass, wéilt een dat elo selwer an d'Hand huelen.
Bis Enn Oktober kënnen d'Elteren online e Questionnaire ausfëllen. D'Zil wier et, Verbesserunge fir d'Kanner z'erreechen mat Hëllef vun den Elteren.
Dat ganzt Schreiwes mat der Ëmfro fannt Dir um Site vun déi Gréng.