Zu DikrechAlkoholiséierte Cyclist hat geklauten Handy dobäi

Tom Nols
E Mëttwoch am Nomëtteg hat sech zu Dikrech e Cyclist bei enger Chute blesséiert. No engem positiven Alkoholtest gouf nach e geklauten Handy fonnt.
© Domingos Oliveira

An der Rue des Halles zu Dikrech war e Mëttwoch am Nomëtteg e Cyclist gefall an hat sech dobäi um Kapp blesséiert. Nodeems en Alkoholtest positiv war, goung et fir eng Kontroll an d'Spidol. Do sollt sech de Mann awer ëmmer méi opfälleg behuelen, sou datt hien zu enger Gefor fir sech a säin Ëmfeld gouf. Fir auszeniichtere koum hien dono an de Passagearrest.

Am weidere Verlaf vun der Affär ass dunn nach festgestallt ginn, dass de Mann en Handy dobäi hat, deen e puer Deeg virdrun als geklaut gemellt gi war. Den Apparat gouf séchergestallt an un den eigentleche Proprietär zréckginn. Weider Ermëttlunge sinn doduerch opgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO