
An der Nuecht op en Donneschdeg waren nees Brigangen uechter d'Land ënnerwee. D'Police huet an hirem Bulletin zwee Fäll erausgegraff, bei deenen déi Onéierlech net dat gewënschte Resultat verbuche konnten.
Zu Kielen an der Rue de Kopstal ass géint Hallefnuecht en Alarm ausgeléist ginn. Direkt e puer Policepatrulle sinn op d'Plaz gefuer, et war een dovunner ausgaangen, dass nach Täter am Gebai wieren. Am Keller sinn d'Beamten dann och op e Mann getraff, dee sech hannert engem Schaf verstoppt hat. An engem Rucksak hu se dann och Géigestänn fonnt, déi dem Hausbesëtzer gehéiert hunn.
Quasi ëm déi selwecht Zäit war d'Police zu Esch alarméiert ginn, well Leit sech verdächteg virun enger Bijouterie an der Rue du Brill verhalen hunn. Direkt e puer Persoune si via e Schacht an d'Kellerraimlechkeeten erakomm an hunn e puer Dieren opgebrach. Nodeems den Alarm ausgeléist gouf, hunn d'presuméiert Täter sech duerch d'Bascht gemaach. Am Kader vun der Enquête konnten d'Beamten zwee presuméiert Brigangen ermëttelen a se kontrolléieren.
A béide Fäll gëtt weider enquêtéiert.