CGDIS5 Blesséierter no Kollisioun mat 7 Autoen op der A4

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg koum et uechter d'Land zu dräi Accidenter mat insgesamt 7 Blesséierten.
© Domingos Oliveira

Sou koum et géint 15.36 Auer op der A4 an Direktioun Esch op der Héicht vun der Opfaart Leideleng zu engem Accident mat 7 Gefierer, bei dem insgesamt 5 Leit blesséiert goufen. D’Rettungsekippe vun Esch, Beetebuerg, Leideleng, Monnerech an der Stad waren op der Plaz. D’Autobunn ass wéinst dem Accident den Ament gespaart.

Um Hallwer 5 koum et dann an der Ettelbrécker Rue de Feulen an op der A1 a Richtung Tréier tëschent dem Tunnel Cents an dem Kierchbierg zu jeeweils engem Accident mat 2 Gefierer. All Kéiers gouf eng Persoun blesséiert.

Tëscht 21 Auer an Hallefnuecht hat et och e Sonndeg uechter d’Land dräimol gerabbelt. All Kéiers gouf eng Persoun verwonnt.

Kuerz no 21 Auer sinn zwee Autoen tëscht Mënsbech an Nidderaanwen net laanschtenee komm.

Géint 22.26 Auer ass op der A1 Richtung Stad, tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald, en Auto accidentéiert.

Kuerz virun Hallefnuecht koum et um Sennengerbierg an der Route de Trèves zu engem Asaz, well zwee Autoen aneneegerannt waren.

Bei all deenen Accidenter gouf wéi gesot jeeweils eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO