Och e Permis gouf agezunn50 Policeasätz well sech gestridden oder d'Nuetsrou net agehale gouf

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat nawell vill ze dinn e Freideg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Samschdeg.
© RTL Archivbild

Tëscht e Freideg den Owend 22 Auer an e Samschdeg de Moie 6 Auer huet d’Police landeswäit missen an den Asaz wéinst Streidereien a Verstéiss géint d’Nuetsrou.

D’Situatioun hat sech an de meeschte Fäll scho berouegt, ier d’Beamten op der Plaz ukomm sinn oder et konnt direkt gekläert ginn.

Am Zickzack ënnerwee a kontrolléiert

Tëscht Stengefort an Habscht gouf an der Nuecht op e Samschdeg eng Camionnette gemellt, déi am Zickzack ënnerwee wier. An der Entrée vun Habscht konnt de Chauffer gestoppt ginn an d’Beamten hu bei der Kontroll staark Unzeeche vun Alkoholkonsum an Uecht geholl.

Et huet sech donieft nach erausgestallt, dass de Mann scho kee valabele Permis méi hat. En Alkoholtest war positiv an hie krut e Protokoll.

Zur gläicher Zäit gouf en Automobilist zu Dikrech gemellt, dee staark alkoholiséiert mat sengem Gefier a Richtung Esplanade géif fueren. Zu Angelduerf konnt de gemellte Chauffer gestoppt ginn a gouf kontrolléiert. En Test war positiv an de Permis dono fort.

Back to Top
CIM LOGO