
En Dënschdeg de Moie war de Konjunktur-Comité nees beieneen, dat ënnert der Presidence vun de Ministere Spautz an Delles. Do gouf wéi all Mount déi konjunkturell Situatioun ënnert d’Lupp geholl an och d’Demanden op Kuerzaarbecht fir Mäerz analyséiert.
51 Betriber hunn ugefrot, fir am Laf vum nächste Mount kënne kuerz ze schaffen. 46 Demandë krute gréng Luucht. Maximal betraff wiere knapp 2.700 Salariéen.
Eréischt mat engem Recul vun 3 Méint gëtt dann e Bilan gezunn, wéi vill Firmen am Endeffekt wierklech vum Chômage partiel Gebrauch gemaach hunn. Am November zejoert waren et deemno just där 35 vun initial 51, déi et hätte kënne maachen.