Affer musse geschützt ginnDen SEW fuerdert eng Null-Toleranz-Politik am Fall vu Gewalt an de Schoulen

Joel Detaille
De Ministère misst kloer vermëttelen, dass Gewalt an der Schoul op kee Fall toleréiert gëtt.
Et bräicht dréngend eng Null-Toleranz-Politik am Fall vu Gewalt an de Schoulen, fuerdert den Enseignantssyndikat SEW.
© AFP (Archiv)

Am Laf vum leschte Schouljoer goufen 312 Secondaire-Schüler aus der Schoul geheit. Dat geet aus den Zuelen ervir, déi den zoustännege Minister Claude Meisch e Méindeg a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro genannt huet.

Et bräicht dréngend eng Null-Toleranz-Politik am Fall vu Gewalt an de Schoulen, fuerdert um Dënschdeg den Enseignantssyndikat SEW. Hinne wiere méi Fäll bekannt, wou e Schüler wéinst gewalttätegem Verhalen e Renvoi krut, deen dono vun enger Recours-Kommissioun nees annuléiert gouf. Doduerch géif den Androck entstoen, dass den Afferschutz manner wäert wier wéi de Schutz vun den Täter.

De Ministère misst kloer an däitlech vermëttelen, dass Gewalt an der Schoul op kee Fall toleréiert gëtt, fënnt den SEW, deen ënnert anerem fuerdert, dass Fäll vu Gewalt systematesch statistesch erfaasst solle ginn, grad wéi eng Zort Krisen-Ekipp, déi an esou Fäll kéint intervenéieren.

PDF: Schreiwes vum SEW/OGBL

Back to Top
CIM LOGO