A1 an A656 Protokoller goufe bei Camionskontroll vun der Police verdeelt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Unité de la police de la route vu Bartreng an Zesummenaarbecht mat de lokale Verkéiersautoritéiten eng Verkéierskontroll gemaach.
© RTL Archivbild

Kontrolléiert goufe virun allem Camionen, déi sech net un d’Iwwerhuelverbuet an de virgeschriwwenen Ofstand gehalen hunn.

Am Ganze goufe 56 Protokoller ausgestallt, dovunner 25, well sech net un d’Iwwerhuelverbuet gehale gouf. Weider goufen och Vitessiwwerschreidungen, d’Benotze vun Handyen an net geséchert Luedunge bestrooft.

Back to Top
CIM LOGO