
De Konjunkturcomité huet 47 vu 51 Demanden op Kuerzaarbecht fir den August 2026 positiv aviséiert. Betraff wieren no aktuelle Schätzunge ronn 2.855 Vollzäit-Plazen (emplois équivalent temps plein, kuerz ETP), däitlech méi wéi de Mount virdrun (1.925 ETP).
Fir den Abrëll 2026 hu 36 Betriber effektiv op Kuerzaarbecht zeréckgegraff. Dobäi waren 894 Salariéeë betraff, wat 218 ETP entsprécht. D'Käschte fir de Fonds pour l'emploi louche bei 712.613 Euro.
Ausserdeem huet de Comité 4 Demanden op steierlech Befreiung vu Kënnegungs- an Depart-Indemnitéiten, déi 29 Salariéeë betreffen, positiv bewäert.
Déi nächst Sëtzung vum Konjunkturcomité ass fir de 25. August 2026 um 9 Auer geplangt.