Aus dem Police-BulletinDéifställ mëttels Gewalt a grouss Quantitéite Cannabis zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem kruten e Méindeg direkt dräi Persounen hir Goldkette mat Gewalt vum Hals gerappt.
Archiv-Bild
© Domingos Oliveira

E Méindeg goufen der Police direkt e puer Déifställ mëttels Gewalt gemellt, ënnert anerem zwee Mol zu Munneref, dat am Nomëtteg. Op ënnerschiddleche Plazen kruten zwou Fraen all Kéiers vun zwee onbekannten Täter d'Goldkette vum Hals gerappt. Eng vun den Doten ass an engem Gebai an der Avenue Frantz Clément geschitt, déi aner Dot baussen op engem Trëppelwee, net wäit vun der éischter Dot ewech.

Béid Affer goufen no de Virfäll medezinesch kontrolléiert, keng vun den zwou Frae gouf blesséiert. Am Kader vun den Ermëttlunge goufe véier Persounen, déi an engem Hotel an der Géigend waren, op de Policebüro bruecht. Beim Duerchsiche vum Hotelszëmmer konnten déi geklauten Objeten awer net fonnt ginn. D'Ermëttlungen hei lafen nach.

Géint 19:30 Auer krut dann och e Mann an der Rue du Fort Neipperg an der Stad eng Ketten aus Gold vum Hals gerappt. Den Täter ass dono zu Fouss a Richtung Gare fortgelaf. D'Affer huet nach probéiert, dem Täter nozelafen, huet dësen awer kuerz drop aus den A verluer. D'Affer huet no der Dot liicht Krazspueren dovunner gedroen. Eng direkt Sich nom Täter säitens der Police ass negativ verlaf, de Virfall gouf protokolléiert.

Grouss Quantitéite Cannabis bei Haus-Perquisitiounen

An der Nuecht op en Dënschdeg gouf d'Police wéinst engem Sträit an e Wunngebai zu Schëffleng geruff. An enger vun de Wunnengen ass de Beamten dunn de staarke Geroch vu Cannabis opgefall an hu kuerz drop e puer Behälter mat Cannabis entdeckt. D'Drogen an e puer Handye goufen op Uerder vum Parquet saiséiert.

Am Kader vu weideren Ermëttlungen sinn Indicen opkomm, déi eng weider Persoun mam Handel vun Drogen a Verbindung bruecht hunn. Och him seng Wunneng a säin Auto goufe spéider op Uerder vum Parquet duerchsicht. Hei goufen eng Cannabisplanz, en Zelt fir ze ziichten an e puer Behälter mat Cannabisbléie séchergestallt. En Handy gouf och nach saiséiert.

Verdächtegen no Abroch a Wunneng zu Réiden

E Méindeg gouf der Police géint Mëtteg en Abroch an e Wunngebai zu Réiden gemellt. Op der Plaz ass de Beamte séier opgefall, dass d'Haaptentréesdier opgehiewelt gouf an dass e Stroumkabel vum Gaart vum Gebai bis bei e Grondstéck, dat do ugegrenzt ass, verluecht gouf.

Am Kader vun den Ermëttlunge konnt eng verdächteg Persoun an engem Nopeschgebai kontrolléiert ginn. Heibäi gouf e Metallstéck, dat ofgebrach war, séchergestallt ginn. Dat anert Stéck, dat genee dozou gepasst huet, gouf virdrun un der beschiedegter Dier séchergestallt. Well géint de Verdächtegen och nach e Mandat d'Arrêt virlouch, gouf hie verhaft a koum an Untersuchungshaft.

Back to Top
CIM LOGO