
Boeing a Luxair hunn en Dënschdeg annoncéiert, dass zwou Kafoptiounen a reell Bestellungen ëmgesat gi sinn. Déi national Fluchgesellschaft huet domat zwee Fligere vum Typ Boeing 737-10 definitiv an Optrag ginn. Fir de Generaldirekter Gilles Feith ass et weidere Meilesteen an der Laangzäit-Strategie vun der Luxair-Flott. Mat den zwou 737-10 gi méi Capacitéiten, Effizienz a Flexibilitéit erreecht, déi en vue vun zukünftegen Demandë wäerten néideg sinn. Donieft huet d'Luxair sech bei Boeing Optioune geséchert fir d'Bestellung vun zwou weidere 737-10.
Déi nei Fligere wäerte ronn 20 Prozent manner verbrauchen an deementspriechend och fir manner Emissioune suergen, sou de Gilles Feith weider. Nodeems d'Luxair 2024 zwou Boeing 737-10 bestallt hat, sinn elo also zwou Optiounen zu confirméierte Bestellunge ginn. Wann déi bis ausgeliwwert sinn, wäert déi national Fluchgesellschaft mat aacht Boeing 737-8 a véier Boeing 737-10 operéieren.
An den neie Fligere wäert Plaz si fir 213 Passagéier, déi tëscht de Sëtzer 76 Zentimeter wäerte Plaz hunn. All Sëtz huet en USB-C-Uschloss an den Entertainment u Bord ka wireless an Usproch geholl ginn. Donieft suergen déi nei CFM LEAP-1B-Motore fir manner Kaméidi an der Kabinn.
D'Luxair baut hir Flott weider aus a bestellt dräi zousätzlech Embraer E190-E2-Fligeren. Domat klëmmt d'Zuel vun de fest bestallten E2-Fligeren op néng. Zousätzlech huet sech d'Fluchgesellschaft eng weider Kafoptioun geséchert. Déi éischt véier vun de sechs bestallten E195-E2 si schonn am Asaz.
Den éischten E190-E2 soll Enn 2028 geliwwert ginn. Mat 100 Sëtzplaze wäert en haaptsächlech op Strecken agesat ginn, déi vill vu Geschäftsreesende genotzt ginn. Der Luxair no erméiglecht déi nei Flott méi Flexibilitéit, eng besser Upassung un d'Nofro op de verschiddene Strecken an eng méi héich Effizienz. Gläichzäiteg verbrauchen d'Fligere manner Kerosin, si méi roueg a stoussen manner Emissiounen aus. Fir d'Passagéier gëtt et ënner anerem méi Beenfräiheet, USB-Luedméiglechkeeten op all Sëtz an e "Wireless" Bord-Entertainment.