Äntwert op parlamentaresch Fro6.988 Demanden op Direkthëllef goufe refuséiert

RTL Lëtzebuerg
Alles an allem wiere bis ewell knapp 13.000 Demandë beim Wirtschaftsministère agaange, fir eng Direkthëllef vu 5.000 Euro ze kréien.

Knapp 6.000 dovu goufen ausbezuelt. Deemno krute ronn 7.000 Betriber e Refus. Grond dofir wier an der Haaptsaach, dass vill Betriber eng Demande gemaach haten, déi guer net eligibel dofir waren, well si am Prinzip net hu mussen zoumaachen. Dat präziséieren d'Ministeren Delles a Fayot an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen a Marc Spautz. Et wier nozevollzéien, dass sech quasi all Betrib fir dës Hëllef gemellt hätt, och wa vu virera kloer gewiescht wier, dass si d'Critèren am Fong net erfëllen. Méi spéit hätt een dowéinst eng weider Hëllef ugebueden, fir Betriber, déi duerch d'Kris substantiell Aboussen am Ëmsaz haten.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Martine Hansen a Marc Spautz

Back to Top
CIM LOGO