Mat metallener Staang attackéiert6 Männer op Stater Gare unenee geroden

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg koum et zu enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht 6 Persounen an der Avenue de la liberté.

Géint 2.30 Auer koum et zu enger zolitter Kläpperei, bei där eng Persoun schwéier blesséiert gouf. Sechs Persoune wieren unenee geroden, dobäi hätt eng Persoun eng metalle Staang geholl an domat op en aneren ageschloen. D'Affer wier schwéier blesséiert ginn. De presuméierten Täter hätt versicht ze flüchten, d'Beamte kruten de Verdächtegen awer immobiliséiert. Hie wier op Uerder vum Parquet festgeholl ginn a koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.

D'Police mellt dann nach zwee Accidenter ënner Alkoholafloss. Géint 22 Auer e Freideg den Owend sinn zu Leideleng zwee Autoen net laanschtenee komm, et blouf awer beim Materialschued. Ee vun deenen 2 Chaufferen hat ze vill Alkohol am Blutt a gouf protokolléiert. Zu Schëffleng war schonn en Donneschdeg den Owend e Motocyclist accidentéiert a liicht blesséiert ginn - och hei war den Alkoholtest positiv, de Führerschäin war op der Plaz fort an et gouf e Protokoll.

Weider Asätz goufen et e Samschdeg de Mëtteg zu Klierf an der Maarnecher Strooss an zu Wuermer. Zu Klierf war e Motocyclist gefall, en huet awer keng Blessuren dovugedroen.

Kuerz virun 14.30 Auer ass zu Wuermer an der Wäistrooss en Trakter ëmgefall. Eng Persoun gouf verwonnt. Do huet och de Rettungshelikopter missen an den Asaz, zesumme mat der Ambulanz vu Mäertert an de Pompjeeë vu Kanech an Wuermer.

Back to Top
CIM LOGO