
Wat d’Altersmoyenne ugeet, ass de Gros vun den Detenuen tëscht 30 a 50 Joer al. Déi meescht si Lëtzebuerger, Portugisen a Fransousen. Wat d’Ursaache betrëfft, leien d’Déifställ ganz vir, mat 187 Fäll, do derhannert kommen Delikter mat Drogen an awer och Doutschlag mat 91 Fäll. 39 Persoune sëtzen donieft wéinst Déifstall mat Gewalt fest a 34 wéinst Vergewaltegung. 12 Leit sëtze liewenslänglech am Prisong hei am Land. Dës Informatioune liwwert d’Justizministesch Elisabeth Margue an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar.