Statec63 Prozent vun de Stéit zu Lëtzebuerg si Koppelen

RTL Lëtzebuerg
De Statec hëlt op Basis vun den Zuele vum Recensement vun 2021 an enger neier Etüd d'Constellatioun vun de Stéit hei zu Lëtzebuerg ënner d'Lupp.

Koppele maache mat 63 Prozent de Gros vun de Stéit aus. Déi allermeescht Leit liewen a private Stéit, 11.331 Persounen a Kollektivitéiten. Dorënner falen nieft Altersheemer och Kasären, Prisongen a Foyere fir Erwuessener beispillsweis. Wat opfält ass, datt d’Lëtzebuerger ëmmer méi a Menagen ouni Kanner wunnen, am Géigesaz zu den auslännesche Stéit, déi sech aus ëmmer méi Famillje mat Kanner zesummesetzen.

An de leschten 10 Joer ass den Undeel u Lëtzebuerger Stéit och liicht ëm 0,2 Prozent zeréckgaangen. D’Stéit, an deenen déi sougenannte Referenzpersoun aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm ass, sinn dogéint ëm iwwer 55 Prozent gewuess. Eng Evolutioun gouf et och bei den Elengerzéier. Do waren 2011 d’Fraen nach largement an der Majoritéit. Haut ass et, wuel duerch déi gedeelte Gard vun de Kanner, méi equilibréiert.

Liest hei dee komplette Rapport vum Statec

Back to Top
CIM LOGO