
Am Regierungsrot gëtt e Freideg een Text iwwer méiglech Importverbueter aus Israel diskutéiert. Dat sot den DP-Ausseminister Xavier Bettel en Donneschdeg de Moien an der Chamber. Um Krautmaart gëtt en Donneschdeg iwwer déi international Responsabilitéiten an Obligatioune vu Lëtzebuerg vis-à-vis vun der Israeelescher Presenz an de besate Palästinensergebidder.
Den Ausseminister huet ënnerstrach, datt Lëtzebuerg keen esou ee groussen Impakt an dëser Fro hätt wéi aner, méi grouss Länner. Dofir géif Lëtzebuerg sech fir international Kooperatiounen a gemeinsam Entscheedungen asetzen. Méiglech Importverbueter wieren deemno éischter symbolesch. Weider huet et geheescht, datt eng Zwee-Staate-Léisung déi eenzeg Approche wier, fir e gerechte Fridden an der Regioun méiglech ze maachen.