Wéchentleche RapportCovid-, Gripp- an RSV-Infektiounen op niddregem Niveau

Tom Nols
D'Direktioun vun der Santé gesäit an den neisten Zuelen, dass Infektioune vun den Otemweeër gefall oder op niddregem Niveau sinn.
D'Zuele vun den Infektiounen am Iwwerbléck.
D'Zuele vun den Infektiounen am Iwwerbléck.
© Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

Aus dem neiste Rapport vun der Santésdirektioun geet ervir, dass d'Zuele vun Otemweeerkrankungen aktuell niddreg sinn zu Lëtzebuerg.

Wärend der 41. Kalennerwoch (5. - 11. Oktober 2026) ass d'Zuel vu positive SARS-CoV-2-Fäll vun 136 op 128 gefall. Dat entsprécht enger Baisse vun 9 Prozent a läit och ënnert dem entspriechende Wäert vun zejoert. Och d'viral Konzentratioun am Waasser ass erofgaangen. A 65 Prozent vun de positive Fäll huet et sech ëm d'XFG-Variant gehandelt, bei 15 Prozent war et d'NB.1.8.1-Variant.

D'Zuel vun den Influenza-Fäll, déi vun de Laboratoirë gemellt gi sinn, ass vun 51 op 29 zréckgaangen. D'Erhéijung vun der Woch virdrun huet sech domat net confirméiert, an de Woche virdru waren d'Chiffere stabel gewiescht. Dobäi huet et sech a 96 Prozent vun de Fäll ëm Grippe vum Typ A gehandelt.

D'Zuel vun den detektéierten RSV-Fäll (Virus respiratoire syncytial) louch an der 41. Woch bei 2, genee wéi déi Woch virdrun.

Back to Top
CIM LOGO