
Géint 12 Auer hat et zu Esch an der Avenue du Rock’n’Roll geknuppt, wéi zwee Autoen net laanschtenee koumen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Suessem-Déifferdeng versuergt.
Bei enger Kollisioun op der N15 tëscht Heischent an Nidderfeelen goufen zwou Persoune blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulanz vun der Nordstad an d’Pompjeeë vun Alebësch.
Op der A31 a Richtung Metz si géint 15 Auer zwee Automobiliste mat hirer Gefier aneneegerannt, woubäi zwee Mënsche blesséiert goufen. D’Rettungsdéngschter vun Diddeleng waren op der Plaz.
Um 15.20 Auer sinn zu Munneref a Richtung Mondorff e Moto an en Auto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. D’Ambulanz vu Réimech, grad ewéi d’Pompjeeë vu Munneref a vun Uespelt goufen op den Asaz geruff.
Zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs ass en Automobilist mat sengem Won an en Haus gerannt, woubäi kee blesséiert gouf. D’Rettungsdéngschter vu Keel a Rëmeleng waren op der Plaz.
Op der A6a Richtung Lëtzebuerg koum et géint 16.30 Auer zu enger Kollisioun tëscht engem Camion an enger Rulott. Hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren am Asaz.