Resilienzdag zu DiddelengWéi verhält ee sech an enger Krisesituatioun?

Marc Hoscheid
Sief et wann et brennt oder wann eng Persoun reaniméiert muss ginn, déi richteg Geste kënnen am Noutfall iwwer Liewen an Doud decidéieren.
Resilienzdag zu Diddeleng
Wéi verhält ee sech an enger Krisesituatioun?

Wat geschitt genee, wann et an engem Gebai brennt, zum Beispill a Saachen Dampentwécklung, a wéi verhält ee sech dann am beschten? Fir net d'Gemengenhaus mussen a Brand ze stiechen, haten d'Pompjeeën ee Modell dobäi, mat deem senger Hëllef déi Jonk an och déi net méi grad sou Jonk een Abléck an déi Thematik kruten. A wien net just kucke wollt, dee konnt och selwer Hand uleeën an ee Feierläscher ausprobéieren. Ganz banal kann ee soen, datt et besser ass, ee Feierläscher ze hunn, wéi keen ze hunn. Op wat ee beim Kaf uechte soll, erkläert den Diddelenger Pompjee Roger Clement:

"Fir doheem ass ee Schaumläscher ëmmer gutt, wat fir eng Mark ee lo keeft, dat ass jidderengem iwwerlooss. Et muss ee sech de Feierläscher just erkläre loossen, wann een e keeft, do ass eng Gebrauchsanweisung dobäi. Op all Feierläscher sinn awer och Symboler drop, do gesäit een, firwat de Feierläscher geduecht ass a wéi e funktionéiert. Bei deem heite muss ech zum Beispill fir d'éischt déi gréng Lasch zéien, dann eng Kéier fest drop klappen an da réischt mäi Schlauch huelen a sprëtzen."

Et soll een de Feierläscher fir d'éischt eng Kéier kuerz testen, am Idealfall bis op een, zwee Meter un d'Feier erugoen an da mat voller Kraaft drophalen.

Een anere Volet, deen zu Diddeleng presentéiert gouf, war dee vun der Reanimatioun vun enger Persoun, déi vu sech ass. Hei gëllt virop, datt all Sekonn zielt. D'Lilli Gales, déi d'Ausbildung mécht, fir Beruffspompjee ze ginn, beschreift, wat ee maache muss:

"D'Persoun otemt net an da fänke mer u mat reaniméieren. Dofir huele mer eisen Handballen, ginn an d'Mëtt vun eise Broschtwaarzen, setzen do un an dann drécke mer. De Rhythmus ass ongeféier dee vum Lidd 'Staying alive'. Wéi déif mer drécken, dat si fënnef bis sechs Zentimeter an et ass am Fong ëmmer 30 Mol drécken an da beootmen, mee sou laang een näischt op der Plaz huet, fir ze beootmen, dréckt een nëmmen."

Op ville Plazen am ëffentleche Raum hänken och Defibrillatoren, déi engem a verschidde Sproochen Uweisunge ginn, wéi ee se benotze soll.

Manifestatioune wéi zu Diddeleng sollte virop erreechen, datt d'Leit ee Bewosstsinn fir d'Wichtegkeet vum Thema entwéckelen, esou den Inneminister Léon Gloden:

"Mir wëllen de Leit d'Angscht ewechhuelen, et brauch een net ze fäerten, et kann een näischt falsch maachen, wann een hëlleft. Wann een hëlleft, dat ass ganz positiv an all Bierger ka säint dozou bäidroen, datt en an den éischte Minutten hëlleft, d'Persoun um Liewen ze halen oder ebe wann eppes geschitt, fir d'Servicer och net ze iwwerlaaschten."

Iwwerlaascht waren d'Stänn op der Plaz nieft der Diddelenger Gemeng e Samschdeg iwwregens och net. D'Wuert Resilienz ass vläicht nach net jidderengem ee Begrëff.

Back to Top
CIM LOGO