
Um 7.35 Auer gouf et tëscht Fëlschdref an Duelem en Accident mat engem Auto. Hei goufen 3 Persoune verwonnt.
Kuerz virun 8 Auer huet et op der A6, tëscht dem Gaasperecher an dem Zéissenger Kräiz geknuppt. Hei waren e puer Autoen involvéiert an et gi 4 Blesséierter gemellt.