
Sou zum Beispill um 12.38 Auer op der A3 um Gaasperecher Kräiz a Richtung Metz. En Auto ass hei géint e Camion gerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Pompjeeë vun Hesper an aus der Stad waren am Asaz.
2 Blesséierter gouf et dann um 15.17 zu Märel op der Lonkecher Strooss, wéi en Auto mat engem Moto zesummegestouss ass. Zwou Stater Ambulanzen hunn hei musse geruff ginn.
Nëmmen 10 Minutte méi spéit dann en Accident an der Grand Rue zu Monnerech. Zwee Autoe sinn net laanschtenee komm, wouduerch 3 Leit blesséiert goufen. De Samu vun Esch a Suessem-Déifferdeng war op der Plaz, sou wéi och d’Monnerecher Pompjeeën.
Um 16.47 Auer gouf et dann nach e weideren Accident zu Monnerech an der Escher Strooss. E Cyclist gouf hei ugestouss a blesséiert.