
Ugefaange géint 18 Auer, wéi zwee Ween an der Lëtzebuerger Strooss zu Bur aneneegerannt sinn. Et ass beim Materialschued bliwwen, ma bei engem Chauffer war den Alkoholtest positiv. Hei war de Fürerschäin dann och fort.
Méi spéit ass enger Patrull zu Ettelbréck en Automobilist wéinst senger Fuerweis opgefall. Hie gouf kontrolléiert an och hei huet en Alkoholtest ugeschloen. Hei ass et bei engem Protokoll bliwwen, deen awer juristesche Suitte kéint hunn.
E weideren Accident gouf et du géint 20 Auer, och tëscht zwee Ween, dës Kéier an der Avenue de l’Europe zu Péiteng. Hei hu béid Chauffere missen op der Plaz noutversuergt ginn a koume fir eng Kontroll an d’Spidol. Béid Ween waren net méi fuerbar, heescht et vun der Police, a goufen ofgeschleeft. Den Alkoholtest bei engem vun hinne war positiv a well d’Resultat ënner 1,2% louch, gouf et och hei just e Protokoll.
Da gouf nach en Automobilist wéinst sengem Fuerstil zu Käerjeng gemellt. De Won konnt och kuerz drop zu Rodange gestoppt ginn. Bei der Kontroll huet d’Persoun de Beamten en auslännesche Permis gewisen, deen, wéi d’Police präziséiert, wuel net valabel war. Op Uerder vum Parquet gouf protokolléiert an de Permis saiséiert.
An der Nuecht op e Sonndeg dunn huet e Chauffer tëscht Meechtem a Gréiwemaacher d’Kontroll iwwert säin Auto verluer. Op der Héicht vun der Deisermillen krut hien e Bam ze paken. Ob de Chauffer blesséiert gouf, gëtt net präziséiert, ma hie krut awer de Permis ofgeholl an e Protokoll.
Géint 5.20 Auer ass ee weidere Chauffer negativ opgefall. Dës Kéier op der A7, Och hei konnt d’Police de Won unhalen an den uschléissenden Test war positiv. De Permis war dono fort.
Ee leschten alkoholiséierte Fuerer konnt kuerz viru 6 Auer nach zu Rolleng gestoppt ginn. Och hei huet d’Police de Fürerschäin ofgeholl.