Alkoholkontrolle vun der Police7 Persounen hunn hire Fürerschäi missen ofginn

RTL Lëtzebuerg
Um Weekend hate sech nees eng Partie Leit trotz dem Konsum vun Alkohol hannert d'Steierrad gesat.
© Arnaud Serexhe / RTL

An der Nuecht op e Sonndeg huet d’Police op Uerder vum Parquet eng Rëtsch Alkoholkontrollen uechter d’Land gemaach:

  • Op der Areler Autobunn a Richtung Belsch op der Héicht vun der Sortie Mamer/Capellen
  • Op der N6 vu Mamer a Richtung Capellen
  • Um Briddel
  • Zu Dikrech
  • Zu Ettelbréck
  • An zu Räichel

479 Automobiliste goufe kontrolléiert. A 16 Fäll war den Test positiv an et gouf e Protokoll. 5 Führerschäiner goufen op der Plaz agezunn.

An der Rue du Cure zu Baschelt krut d’Police e Samschdeg een Accident gemellt. E Chauffer war an e Schëld gerannt. Den Automobilist konnt no kuerzer Zäit ermëttelt ginn. Well den Alkoholtest positiv war, gouf de Permis agezunn.

An da war an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg an der Avenue de la Porte Neuve an der Stad nach een Automobilist wéinst enger vill ze héijer Vitess opgefall. Och hei war Alkohol am Spill an de Fürerschäin ass fort.

Back to Top
CIM LOGO