7 vun 10 Leit sinn der Meenung, datt d'demokratesch Kultur zu Lëtzebuerg misst gestäerkt ginn. Dat koum bei enger Ëmfro eraus, déi den Zentrum fir politesch Bildung fir säin 10. Gebuertsdag an Optrag ginn huet. E Resultat, duerch dat den ZpB sech a senger Aarbecht bestätegt fillt.
Fir d'Ëmfro, déi vun der Sondage-Entreprise "Quest" realiséiert gouf, goufe 600 Residenten iwwer 15 Joer befrot. Eng grouss Majoritéit vun hinne war der Meenung, dass et Menacë fir d'Demokratien an Europa ginn. Eng Majoritéit géing awer och mengen, dass d'Demokratie deenen Defie kéint Stand halen, ënnersträicht d'Sous-Direktesch vum Zentrum fir politesch Bildung Michèle Schilt.
"Mir si mol frou, datt et méi Optimiste wéi Pessimiste ginn, trotzdeem, och wann et nëmmen 52% si vun de Leit, déi gesot hunn, dach, mir sinn awer éischter oder ganz optimistesch, datt d'Demokratien an Europa deem kënne standhalen. Mee et ass eis natierlech dann och drëm gaangen, jo okay, wéi mécht een dat dann? Also wat brauch een dann, fir datt d'Demokratie weider an Europa kënne staark bleiwen?"
Bal d'Hallschent vun de Leit, déi gefrot goufen, hunn do uginn, datt géint d'Desinformatioun misst gekämpft ginn, 43 Prozent soten d'sozial Ongläichheete misste reduzéiert ginn. Gefuerdert wieren hei op éischter Plaz d'Regierung an op zweeter Plaz d'Schoulen.
"Mir stelle fest, datt insgesamt ass et eppes, wat duerchaus och un d'Schoul rëm erugedroe gëtt, also Kanner a Jonker solle fréi léieren, wat Demokratie bedeit, wéi dat geet a wéi si sech och kënnen abréngen, also datt dat wierklech elementar ass, fir iwwer d'Biergerrechter an iwwert Demokratie a Politik an der Schoul och ze schwätzen. An anerersäits ass, denken ech, awer och erauskomm, datt och d'Politik gefuerdert ass, well notamment wann d'Leit soen, datt Inégalité sociale trotzdeem eppes wär, wat mécht, datt eng Demokratie staark oder schwaach ass, datt een och muss eng gutt Politik maachen, fir datt d'Leit och weider Vertrauen an d'Demokratie kënnen hunn."
D'Walrecht méi breet opmaachen oder den Accès op d'Walrecht méi einfach maachen, konnt ee bei e puer Froen als méiglech Léisung uginn - dat krut awer just wéineg Zousproch. D'Michèle Schilt gesäit doran awer kee Widdersproch:
"Et muss ee jo soen, an deem Sondage, do haten d'Leit de Choix, si hu missen eng Prioriséierung maachen, well d'Leit natierlech dann alles, wat ronderëm Walrecht net no vir prioriséiert hunn, wëll jo net heeschen, datt et net onbedéngt eppes ass, iwwert dat een trotzdeem ka schwätzen, mee et ass elo dat, wat d'Leit elo net als drénglechst ugesinn. Dat ass dat, wat dee Sondage kann eis soen, ni plus ni moins."
Am Sondage hunn iwwerdeems 64 Prozent uginn, dass si bereet wieren, wielen ze goen, fir d'Demokratie ze stäerken. Méi wéi d'Hallschent wiere prett, aneren nozelauschteren, eng Petitioun z'ënnerschreiwen oder Informatiounen z'iwwerpréiwen. Just 14 Prozent géinge sech an enger Partei engagéieren, 12 Prozent wiere bereet streiken ze goen an 9 Prozent géinge sech fir Walen opstellen.
Den Zentrum fir politesch Bildung huet fir säin 10. Gebuertsdag eng Ëmfro iwwert d'Demokratie an Optrag ginn - dora sote 7 vun 10 Leit, dass d'demokratesch Kultur hei am Land misst gestäerkt ginn.