Ufanks gestreikt, lo gëtt geschwatGewerkschafte weise sech no Reunioun mat Wolt enttäuscht

Pit Everling
Tim Morizet
D'Livreure vun der Plattform Wolt wiere sech weiderhi géint prekär Aarbechtskonditiounen. E Mëttwoch war eng Reunioun, ma déi war an den Aen vun de Gewerkschaften net konstruktiv an net agreabel.
Gewerkschafte sinn no Reunioun mat Wolt enttäuscht
D'Livreure vun der Plattform Wolt wiere sech weiderhi géint prekär Aarbechtskonditiounen.

Gewerkschafte sinn no Reunioun mat Wolt enttäuscht - Reportage Pit Everling

"Dee Secteur hei ass Wëlle Westen, do gëtt et lauter, lauter, lauter Praktiken. Do gëtt mat deene prekäersten, deenen äermste Leit aus der Gesellschaft, gëtt hei Business gemaach, gëtt Geld gemaach an dat muss ophéieren", soen den David Angel vum OGBL. "Nous, ce qu 'on veut, c 'est endiguer ce phénomène, c 'est de l'esclavage moderne", ënnerstäicht de Pascal Glouchitski vum LCGB.

D'Livreure vun der Plattform wiere sech ënner aneren géint Abousse beim Loun a géint Problemer mat dubiéise Sous-Traitanten. D'Reunioun tëscht Vertrieder vu Wolt a Representante vun de Gewerkschaften LCGB an OGBL war op alle Fall kee Succès.

Den David Angel vum OGBL: "Hëtzeg géif ech soen, war d' Reunioun. Also mir sinn erakommen, et huet scho mol ugefaangen, dass Wolt gefrot huet, dass just Gewerkschaftsvertrieder géifen erakommen a keng Livreure mat géifen an der Reunioun deelhuelen, wat mer selbstverständlech ofgeleent hunn, wou mer gesot hunn, mir bréngen hei déi Leit mat, déi mir fir richteg halen".

Et hätt een e ganze Katalog u Froen am Gepäck gehat, ma net eng eenzeg Äntwert kritt: "On n'a pas eu de réponses. On a l'impression que l'entreprise ne connaissait pas du tout son business model ou peut-être ce n'étaient pas les bons représentants qu'on avait à la table aujourd'hui. Mais réunion très tendue et décevante, on sort avec absolument rien."

"Si soten eis zwar, si géifen absolutt déi mafiéis an illegal Praktike vun de Sous -traitants verurteelen. Si sinn awer net au courant, dass et där ginn. An deementspriechend hu si jo bis elo keng Mesurë geholl. Et ass déi aller éischte Kéier, dass si esou Saachen héieren", sou den OGBL.

D'Reaktioun vu Wolt geet op alle Fall net duer an et wäert een et net dobäi beloossen, sou den David Angel. Fir d'Syndikater ass kloer, datt d'europäesch Plattform-Direktiv esou muss ëmgesat ginn, datt aus de Livreure musse Salariée ginn: "Mir hunn et hei manifestement mat Leit ze dinn, déi iwwerhaapt kee Pouvoir iwwert hir eegen Aarbecht hunn, déi kee Pouvoir iwwert hir Tariffer hunn, déi kee Pouvoir iwwert hir Aarbechtsweeër hunn, déi kee Pouvoir iwwert hir Aarbechtszäitorganisatioun hunn, iwwer guer näischt. Deementspriechend sinn dat fir eis Salariéen an deementspriechend sollen se och sou traitéiert ginn".

Onbedéngt misst d'Praxis mat illegale Sous-Traitante ophalen, ma do wier et keng Zouso vu Wolt ginn. Wolt huet no der Reunioun schrëftlech reagéiert. Et hätt een sech iwwer d'Reunioun gefreet an där divers Sujeten ugeschwat gi wieren. Et wéilt ee weiderhi konstruktiv Echangë mat de Syndikater organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO