
Den Attentäter, deen den 20. Dezember 2024 mat engem Auto an d'Visiteure vum Magdeburger Chrëschtmaart gerannt war, akzeptéiert d'Urteel vum "Landgericht" vun der Stad net. D'Verdeedegung géing an Appell goen, heescht et vun enger Geriichtsspriecherin. Elo muss de "Bundesgerichtshof" de Fall op méiglech Rechtsfeeler préiwen.
D'Geriicht hat den 51 Joer alen Ugekloten de 26. Juni ënnert anerem wéinst Mord a sechs Fäll a versichte Mord an iwwer 200 Fäll schëlleg gesprach. D'Strof: liewenslaange Prisong a besonnesch schwéier Schold. Domat wier och eng fréizäiteg Entloossung aus dem Prisong no 15 Joer quasi ausgeschloss.
De Mann aus Saudi-Arabien, dee bis zu der Dot als Psychiater am Prisong fir psychesch krank Täter geschafft huet, war den 20. Dezember 2024 mat engem geléinten Auto tëscht Bëtonsofspärungen op de beléifte Chrëschtmaart gefuer. Fënnef Fraen an een néng Joer ale Jong si gestuerwen, Honnerte Leit goufe blesséiert. De Riichter no géing eng "grouss Geféierlechkeet" vum Täter ausgoen, hien hätt "kee Matgefill fir aner Leit gehat". Seng Fäegkeet Empathie z'empfannen, kéint hie quasi an- an ausschalten. E psychiatreschen Expert hat beim Mann eng narzisstesch Perséinlechkeetsstéierung diagnostizéiert. U senger Scholdfäegkeet géing et awer keng Zweiwel ginn.