Fourth of JulyAmerika feiert 250 Joer Onofhängegkeet, och zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De 4. Juli feieren d’USA hiren Independence Day. D’amerikanesch Ambassade zu Lëtzebuerg hat den 30. Juni eng Receptioun organiséiert, fir dëse besonneschen Dag vun der Onofhängegkeet och zu Lëtzebuerg ze feieren.

D’US-Ambassadrice Stacey Feinberg sot an hirer Ried, dass et hiren éischten Independence Day als Ambassadrice zu Lëtzebuerg wier. Déi lescht aacht Méint zu Lëtzebuerg wieren aussergewéinlech gewiescht, se wier vill am Land ënnerwee gewiescht. Si hätt net nëmme Ministeren oder Geschäftsleit getraff, mee och beispillsweis déi Fra kennegeléiert, déi hir all Samschdeg um Knuedler Blumme verkeeft.

“There are so many people who have made me feel welcome here and I’m deeply grateful to each and every one of them.”

Zu Lëtzebuerg hätt se vill Erënnerunge gesammelt, beispillsweis, wéi se déi éischte Kéier beim Grand-Duc Guillaume empfaange gouf oder um amerikanesche Kierfecht zu Hamm war. Ganz besonnesch wier och den “Ask me anything”, wou Lycéesschüler alles iwwer Amerika froe konnte, hänke bliwwen.

Staark Relatiounen tëscht den USA a Lëtzebuerg

D’US-Ambassadrice sot, dass si schonn dacks sot, dass d’Relatiounen tëscht den USA a Lëtzebuerg esou staark wiere wéi nach ni virdrun.

“Now, do we agree on everything? NEY! But that’s okay! Most friends don't agree on “everything.” The strongest relationships are not built on 100% agreement 100% of the time. They’re built on dialogue. They’re built on shared goals.“

Wa si eppes an de leschte Méint geléiert hätt, wier et, dass Lëtzebuerg net stoe bleift a freet, wat kënnt als nächst.

An den éischten 250 Joer vun den USA  wier et drëms gaangen, dat onméiglecht méiglech ze maachen. An den nächsten 250 Joer géif et drëms goen ze weisen, dass déi gréissten Errungenschaften nach virun eis leien, esou d’Stacey Feinberg. Si nennt do ënnert anerem, d’Kënschtlech Intelligenz, d'Exploratioun vum Weltraum oder och d’Innovatioun vun der Defense.

Ekonomie a Verdeedegung

Lëtzebuerg wier en zentralen Hub fir amerikanesch Entreprisen an Europa an och eng wichteg Plaz fir US-Investissementer.

“Altogether, mutual FDI between our countries exceeds 800 billion dollars. That’s not just statistics. Those are thousands of jobs, thousands of opportunities, and thousands of lives made better. That’s confidence. That’s trust. That’s friendship.”

Beim nächsten NATO-Sommet géif et och ëm déi zougesote 5-Prozent fir d’Verdeedegung goen. D'Stacey Feinberg sot, si géif den Éiergäiz hannert der Lëtzebuerger Defense Strategie gesinn. Och den Ekosystem, dee géif wuessen. D’US-Ambassadrice sot: “I like what I see so far.”

Feierlechkeete fir 250 Onofhängegkeet

D’US-Ambassade zu Lëtzebuerg hat den 30. Juni en Event am Chouchou organiséiert, fir 250 Joer Onofhängegkeet ze feieren. Dat ënnert dem Motto “America Through the Ages”, wou d’Geschicht vun Amerika thematesch opgegraff gouf. Vun 1776 iwwer de “Gold Rush” an den 1870er bis an d’Disko-Era an den 1970er.

Back to Top
CIM LOGO