Bilan Fonds du LogementIwwer 1.200 Wunnengen aktuell am Bau

Ryck Thill
De Fonds du Logement huet säi Bilan 2025 presentéiert. Bannent engem Joer ass d'Zuel vun de Wunnengen, déi gläichzäiteg am Bau sinn, vu 638 op 1.227 geklommen.
De Fonds de Logement huet aktuell eng 1.200 Wunnengen am Bau.
De Fonds de Logement huet säi Bilan 2025 presentéiert.

Am Fokus vum Joresbilan stinn awer net wirtschaftlech Zuelen, wéi Ëmsätz oder Benefice, mä d'Fro, wéi vill Menagen eng bezuelbar Wunneng kruten. Am leschte Joer konnten 116 Familljen an eng Wunneng vum Fonds du Logement plënneren.

Besonnesch grouss Wunnengsprojete wéi zu Wolz, Wecker, Mamer oder Diddeleng kommen de Moment gutt virun. Si kënnen an der Reegel méi séier realiséiert ginn. Parallel dozou investéiert de Fonds du Logement awer weider an d'Renovatioun vu Gebaier, déi deels protegéiert sinn, oder a méi kleng Projeten, déi matten an engem Duerfkär leien, seet den Direkter Jacques Vandivinit.

D'Demande bleift iwwerdeems héich. Enn 2025 stoungen ronn 7.000 Stéit op der Waardelëscht. Wien eng Wunneng zougedeelt kritt, gëtt no sozialen a finanzielle Krittären ausgewielt. Déi Reegele goufen deelweis iwwerschafft, fir verschidde Liewenssituatioune besser ze berécksiichtegen. Zum Beispill kennen elo elengerzéiend Elteren oder Studenten, déi grad zréck vun der Uni kommen, an hiren Heemechtsgemengen op den Waardelëschten no uewen réckelen.

An Zukunft wëll de Fonds du Logement och méi no bei de Bierger sinn. Nieft dem Haaptsëtz zu Märel sinn dofir regional Büroe geplangt, ënner anerem zu Wolz an zu Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO