OGBL mat Appell un d'RegierungHëtzt a Schoulgebaier wier e strukturelle Probleem

RTL Lëtzebuerg
D'Hëtzt an de Schoulgebaier am Land ass leider e strukturelle Problem an do dierft d’Improvisatioun net länger toleréiert ginn, sou den OGBL en Donneschdeg an engem Communiqué.
© QUENTIN TOP/Hans Lucas via AFP

D'Gewerkschaft verweist op Prouwen, déi d'lescht Woch wärend der Alerte rouge vun hirem Schoulsyndikat SEW geholl goufen a wou d'Moyenne bei iwwer 32 Grad Celsius an de Klassesäll loung. Deels huet den Thermometer souguer iwwer 35 Grad ugewisen. Et wär also definitiv e strukturelle Problem, deem ee misst mat konkrete Mesuren entgéintwierken, sou den Appell un d'Regierung.

Et géif weider un engem kloren nationale Kader feelen. Genee esou ee misst awer ausgeschafft ginn. Dat a Sënn vun der Gesondheet vu Schüler an Enseignant. Dofir sinn Investissementer néideg, notamment fir déi systematesch Installatioun vun engem Sonneschutz un de Fënsteren, der thermescher Isolatioun vun de Gebaier, oder engem Verbessere vun der Ventilatioun.

Dat komplett Schreiwes vum OGBL fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO