Aus dem PolicebulletinAbréch zu Riedgen, Hollerech a Keel, Rousekranz an aner Wäertgéigestänn aus Autoe geklaut

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwochnomëtteg bis an den Donneschdegmoien era krut d'Police nees eng Rei Abréch an Déifställ uechter d'Land gemellt.
© RTL Archivbild

An der Lëtzebuerger Strooss zu Riedgen sinn e Mëttwoch am Nomëtteg Abriecher duerch eng Fënster an en Haus geklommen an hunn hei Bijoue geklaut, ier se vun enger Residente erwëscht goufen. Zwou Goldketten hate dann Abriecher kuerz virun 20 Auer aus enger Wunneng an der Veianer Strooss zu Hollerech geklaut. E weideren Abroch dee selwechten Owend gouf et dann och nach zu Keel an der Téitenger Strooss, wou sech Abriecher Zougang zu enge Haus duerch den hënneschte Beräich verschaaft hunn. Och hei goufen d'Raim no Wäertgéigestänn duerchsicht.

Donieft gouf et awer och Déifställ aus Autoen. E Mëttwochowend um 19 Auer haten an der Rue du Verger zu Bouneweg onbekannt Täter en Auto opgemaach an duerchwullt, dobäi hu si e Rousekranz an e Sonnebrëll matgoe gelooss. En Donneschdeg de Moien dann e weideren Déifstall zu Bouneweg, dës Kéier aus engem Auto an der Rue du Dernier Sol. Den Inhalt vun enger Posch gouf hei geklaut.

An all de Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.

Och mat Déifställ a Geschäfter hat d'Police ze dinn: E Mëttwoch haten zwee Männer an engem Supermarché an der Lëtzebuerger Strooss zu Bäreldeng versicht, Alkoholfläschen ze klauen, si goufen allerdéngs vun engem Sécherheetsbeamten erwëscht a sinn dësem géigeniwwer och handgräiflech ginn. Géint déi zwee Männer gouf Pretekoll erstallt.

Da goufen nach zwee Déif dobäi erwëscht, wéi si an engem Akafszenter um Kierchbierg versicht hu Kleeder ze klauen. Och géint si gouf vun der Police Pretekoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO