
Dat selwecht hätt och de Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau dem russeschen Ausseministère gesot, ewéi en Enn Mee convoquéiert gi war. Déi Convocatioun wier och eppes, wat an der diplomatescher Praxis etabléiert wier a keng Géigereaktioun géing verlaangen.
Dat alles äntwert den Ausseminister Xavier Bettel e Mëttwoch op eng parlamentaresch Fro vun der ADR. Hire Fraktiounschef Fred Keup wollt ënnert anerem wëssen, ewéi d’Regierung d’Staatstrauer an Éierung vun engem Ukrainer, deen an der Geschichtswëssenschaft kloer als Nazi-Kollaborateur a Leader vun enger nationalsozialistescher an antisemittescher Beweegung identifizéiert gëtt, géing bewäerten. Den Ausseminister geet net dorop an.
De Xavier Bettel weist just och drop hin, datt d’Stad Lëtzebuerg an de Gesondheets- a Sozialministère déi zoustänneg Autoritéite fir d'Exhuméierung an den Transfert gewiescht wieren. Et wieren déi zwou Instanzen, déi den Transfert an Aklang mat den technesche Bestëmmungen accordéiert.