Dat ass e Fuerschungsprogramm, un deem verschidde Partner aus der Medezin a Wëssenschaft bedeelegt sinn, fir d'Krankheet, bei där d'Nerve méi séier al ginn, besser ze verstoen. De Fonds National de la Recherche huet an de leschte 4 Joer eng 8,3 Milliounen Euro an dës national Parkinson-Etüd investéiert. Am Juli 2019 gouf mat weidere 6 Milliounen Euro vum FNR de Wee fir déi zweet Phas vum Programm fräi gemaach.
800 Patiente mat verschiddene Parkinson-Syndromer a genee esou vill gesond Kontroll-Persoune vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun huelen antëscht schonn un der nationaler Parkinson-Etüd deel. Ma och wann domat d'Zil vun der Participant-Unzuel erreecht gouf, gi weider Umeldungen ugeholl.
Eng vun deenen Ënnergruppe wier eng genetesch Ënnerform, vun där ronn 5% vun alle Parkinson-Patiente betraff wieren.
D'Iddi hannert der Fuerschung ass et, de Mechanismus besser ze verstoen, also, wisou dee gestéierte Bausteen am Kierper Parkinson ausléist. Et wieren nämlech schonn éischt Medikamenter an der Entwécklung, déi dëse Bausteen korrigéiere kéinten.
Bei enger Persoun, déi Parkinson huet, ginn d'Nervenzelle méi séier al. Mat Medikamenter kann een de Leit zwar hëllefen, d'Symptomer esou gutt et geet an de Grëff ze kréien, mä d'Fuerscher an d'Medezinner wëllen natierlech méi wäit goen.
En anert Zil ass et, schonn anzegräifen, ier sech Parkinson-Symptomer bemierkbar maachen. Dofir lueden d'Lëtzebuerger Fuerscher deemnächst Persounen an, déi méi en héije Risiko hunn, fir an Zukunft d'Krankheet ze kréien.
An deem Kontext gëtt geschwënn en Appell lancéiert, fir datt concernéiert Mënschen am Alter tëscht 55 a 75 Joer bei der Etüd matmaachen.