Kontrolle ronderëm de Stauséi87 Verwarnunge wéinst Falschparken

RTL Lëtzebuerg
Wéi ugekënnegt, huet d'Police iwwert de Päischtweekend ronderëm de Stauséi Kontrolle gemaach.
© Police Lëtzebuerg

Iwwert de sonnege Päischtweekend war et op de Plagen a Wise ronderëm de Stauséi schwaarz vu Leit. Am Virfeld hat d'Police verstäerkt Kontrollen ugekënnegt, fir d'Sécherheet vun de Visiteuren an d'Anhale vun de Virschrëften a Verkéiersreegelen z'assuréieren.

An deem Kader sinn iwwert de Weekend 87 Verwarnunge wéinst Falschparken ausgestallt ginn.

© Police Lëtzebuerg

Donieft sinn dräi Protokoller geschriwwe gi wéinst illegalem Feiermaachen an zwee weiderer wéinst onerlaabtem Matféiere vun Hënn op de Plagen. Eng Verwarnung gouf et wéinst dem illegale Konsum vu Cannabis.

D'Police weist drop hin, datt si och an den nächsten Deeg an och den nächste Weekend weider verstäerkt ronderëm de Stauséi wäert am Asaz sinn. Visiteure ginn ausdrécklech drop higewisen, sech un d'Gesetzer an un d'Parkingsreegelen ze halen, fir datt e Besuch um Stau fir jidderee sou agreabel wéi méiglech verlafe kann.

Back to Top
CIM LOGO