
Lëtzebuerg huet 2025 zu den EU-Länner mat dem héchsten Undeel u Spezialisten am Beräich vun der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnik – kuerz IKT – um Aarbechtsmarché gehéiert. Mat 8,7 Prozent vun allen Ugestallten an dësem Beräich louch d'Land op der zweeter Plaz an der Europäescher Unioun, direkt hannert Schwede mat 8,9 Prozent. Op der drëtter Plaz stoung Finnland mat 7,8 Prozent.
Dat geet aus neien Donnéeë vun Eurostat ervir. Domat bestätegt Lëtzebuerg seng staark Positioun am digitale Secteur an ënnersträicht d'Wichtegkeet vun der Tech-Branche och fir déi national Ekonomie.
EU-weit waren 2025 ronn 10,45 Millioune Mënschen als IKT-Spezialiste beschäftegt, wat 5 Prozent vun der Gesamtbeschäftegung an der EU entsprécht. Géintiwwer dem Joer virdrun ass dat eng Hausse vun 0,1 Prozent, ma zënter 2015 ass den Undeel souguer ëm 1,5 Prozent geklommen.
Och wann de Wuesstem an de leschte Jore liicht u Vitesse verluer huet, bleift den Trend no uewen. No besonnesch staarken Haussen 2020 an 2021 ass d'Zuel vun den IKT-Spezialiste vun 2024 op 2025 nach ëm 2,6 Prozent gewuess. Eurostat no weist dat, datt de Secteur och "wirtschaftlech Schwankunge" gutt widderstoe kann.
Am europäesche Verglach läit Lëtzebuerg domat däitlech iwwer dem EU-Duerchschnëtt. Déi niddregst Undeeler goufen a Griicheland mat 2,5 Prozent, Rumänie mat 2,7 Prozent an Italie mat 3,8 Prozent festgestallt.
Weiderhi kloer ass awer och d'Ongläichgewiicht tëscht de Geschlechter. An der ganzer EU waren 2025 80,5 Prozent vun den IKT-Spezialiste Männer, just 19,5 Prozent ware Fraen. Zwar ass den Undeel vu Fraen zënter 2015 ëm 3 Prozent eropgaangen, si bleiwen awer nach ëmmer däitlech ënnerrepresentéiert.
Déi héchste Fraenundeeler am IKT-Beräich goufen a Rumänien, Lettland a Bulgarie gemooss. Déi niddregst louchen an Tschechien, Ungarn an der Slowakei.