Operationell Mëtt JuliRiverty Bank installéiert sech um Kierchbierg

Roy Grotz
No bal engem Joer krut d'Fintech-Spart vum der Bertelsmann-Duechter Arvato Group déi entspriechend Lizenz an Autorisatiounen, fir um Kierchbierg hir Büroe kënnen z'installéieren.
© riverty.com

Mat Riverty kënnt eng nei Bank op d'Lëtzebuerger Finanzplaz. No bal engem Joer krut d'Fintech-Spart vum der Bertelsmann-Duechter Arvato Group déi entspriechend Lizenz an Autorisatiounen, fir um Kierchbierg d'Bank-Bureaue kënnen z'installéieren.

Operationell gëtt Riverty Mëtt Juli. Bis dohinner lafen d'Amenagementsaarbechten am Gebai vun RTL Group um Boulevard Pierre Frieden.

Aktuell huet d'Payment- a Prêten-Geschäft vu Riverty eegenen Donnéeën no eng 25 Millioune Clienten a registréiert an Europa méi wéi 235 Milliounen Transaktiounen.

2022 huet Riverty all d'Sous-Marken Afterpay, Paigo oder Aqount ënnert enger eenzeger neier Enseigne regroupéiert an offréiert Online-Bezuel-Zerwisser, déi nom "Buy now – pay later"-Prinzip funktionéieren.

Alles an allem zielt Riverty eng 3500 Salariéen an 11 europäesche Länner. Generaldirekter vu Riverty ass den Andreas Barth. Den designéierte Chef vun der Riverty Bank hei am Land ass den Oliver Kuhaupt.

Riverty ass d'Kombinatioun vu River a Liberty – also Floss a Fräiheet – a soll en natierlech gesteierte Finanzfloss fir seng Cliente symboliséieren.

Back to Top
CIM LOGO