Police-Bilan vun de leschten 3 Méint886 Leit goufen an der Stad kontrolléiert, 68 Protokoller ausgestallt

RTL Lëtzebuerg
D'Servicer vun der Police judiciaire si vun dësem Mount un net méi bei de Policepatrullen an der Stad mat dobäi. Dat ass am leschte Bulletin ze liesen.

Dësen zousätzlechen Dispositif war zanter Ufank Januar agesat ginn, fir d’Beamten um Terrain geziilt ze orientéieren a sech e Bild vun der Situatioun ze maachen, heescht et weider. Dëst wier an de leschten 3 Méint ëmgesat ginn.

Doriwwer eraus mellt d’Police, dass Enn Abrëll nei Beamten assermentéiert ginn. Dowéinst sollen d’Patrullen, déi aus anere Regiounen als Verstäerkung agesat ginn, vum nächste Mount un net méi an der Stad an den Asaz kommen. Duerch d’Assermentatioun sollen am Ganzen 90 nei Beamtinnen a Beamten an de Kommissariater an der Haaptstad disponibel sinn, esou wéi awer och op anere Plazen am Land.

Tëscht dem 15. Januar an dem 15. Abrëll goufen an der Stad 886 Leit vun der Police kontrolléiert. Dat si bal 10 Leit den Dag. Dovunner sinn am Ganzen 68 Protokoller ausgestallt ginn.

An engem Bulletin huet d’Police de Bilan vun de leschten dräi Méint gezunn, “wëssend dass déi preventiv Kontrollen en Impakt haten, wieren nëmme 4 Protokoller am Kader vun der Mendicitéit gemaach ginn”.

Iwwer 150 Patrullen aus dem ganze Land goufe fir dës verstäerkt Kontrollen an der Stad agesat, dës Zuel, déi méi laang hir bekannt gi war, gëtt am Kader vum Bilan am Policebulletin net widderholl. Doriwwer eraus kann een awer nach liesen, dass 24 Protokoller e Lien mat Drogen haten an a bal 200 Fäll d’Policebeamten agegraff hunn, well eng oder méi Persounen Entréeë vu Gebaier blockéiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO