10 bis 15 Millioune kaschten déi Mesuren d'CNS zousätzlech, dat awer ouni, datt de Steierzueler méi bezuele muss oder d'Kotisatiounen erhéicht ginn.

Déi gesond finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess erlaabt méi Remboursementer. Am 15. Deel vun eiser Serie iwwert d'CNS kucken mer nach eng zeréck op d'Quadripartite a wat sech genee alles vum 1. Januar u wäert änneren. Zousätzlech Leeschtunge kommen op eis duer.

AUDIO: CNS-Serie (15. Deel) - Nei vum 1. Januar un

Bei den Zänn ass et sou, datt ee vum 1. Januar un all 6 Méint en Detartrage rembourséiert kritt. Bis ewell war et een d'Joer. Dobäi kënnt nach, datt d'Anästhesie locale och elo beim plombéieren iwwerholl gëtt.

Ma och bei Brëll a Lënsen ginn et Ännerungen. Déi organesch Glieser, also déi, déi net briechen, kënnen da bei jidderengem rembourséiert ginn. Bei de Lënsen gëtt den Delai vu 4 op 3 Joer an d'Dioptrie vun 8 op 6 erofgesat.

Eng nei Nomenclature dann och fir d'Soins palliatifs fir Leit, déi en Fin de Vie sinn an Doheem oder am Altersheem gefleegt ginn. An den Tariffer mat dobäi sinn den Infirmiersakt, Kiné- an Administrativ-, ewéi Koordinatioun-Aktivitéiten, déi de Personel soignant mécht. Hei geet et konkret ëm Saachen, déi am Milieu stationnaire oder Doheem gemaach ginn.

Bei der Nomenclature vun den Doktere ginn et vum 1. Januar un dann och méi spezifesch an héich Akte fir Geriatrie, fir dës Spezialitéit méi attraktiv ze maachen.

Stéchwuert "Taxi-Ambulanz", och hei kënnt et zu Verbesserungen. Et gi liicht Erhéijungen, wat de Kilometerpräis ugeet. Bei de Protheese gëtt den Therapie-Schong fir den Diabetikerfouss nei agefouert.

An den nächste Jore sollen hei nach weider Leeschtungsverbesserungen dobäi kommen. Der CNS no ass et den Ament awer nach bëssen ze fréi, fir eppes Konkretes ze soen. Et ginn nach eng ganz Rëtsch Projeten evaluéiert.

Ma wat kaschten déi erwäänte Mesuren? A wou kommen déi Suen hier? D'CNS muss wuel tëscht 10 a 15 Millioune méi investéieren. Déi Sue kommen aus der obligatorescher Reserve, déi CNS muss hunn. Dat kascht de Steierzueler kee Su méi an och d'Kotisatioune ginn net erhéicht.

Den Ament wieren d'Finanze vun der Gesondheetskeess gesond an et kéint een investéieren.