De GSP huet säin Aktivitéitsbilan vun 2016 publizéiert. Et hat een esou vill Asätz, wéi nach ni, an dofir ass een och ëmmer frou iwwer nei Benevollen.

Mir probéieren, Leit a groussem Misär sou gutt ze hëllefen, wéi et geet!“: Dat sot d'Isabelle Decker, zoustänneg fir d'Kommunikatioun vum „Groupe de support psychologique“ vun der Protection civile, e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview, nëmme Stonnen, nodeems den Aktivitéitsbilan 2016 vum GSP erauskoum.

Deem seng Benevolle si virun allem bei natierlechem Doud, Suiciden an Autosaccidenter am Asaz.

AUDIO: Aktivitéitsbilan support psychologique / Rep. Eric Ewald

An haten zejoert e Rekord vun 282 Interventiounen Opweises! Dat sinn der wuel 10 méi, wéi nach 2015, ma dat wär net iwwerzebewäerten, sou d'Isabelle Decker. Et dierf een net vergiessen, datt d'Famillje sech och veränneren, et huet een am Moment ganz vill Patchwork-Familljen. Dat heescht och, datt een heiansdo mat 2 Equippen erausgeet, fir zwou Familljen ze betreien.

D'Spezialunitéit vun der Administration des services de secours huet och ëmmer méi Telefonsasätz an ass dobäi, wann d'Police Familljememberen eng Doudesnoriicht iwwerbréngt. Dono iwwerhëlt de GSP. Et kann ee sech virstellen, datt, no enger schlëmmer Noriicht, d'Leit Zäit brauchen, fir nees e bëssen handlungsfäeg ze ginn an aus dem "Tunnelbléck", wou se net méi wëssen, wou ënnen, uewen, riets oder lénks ass, erauszekommen.

Eng Interventioun dauert am Schnëtt iwwer 3 Stonnen, ënnersträicht d'Responsabel fir d'Press. En eventuelle Suivi gëtt dann awer vun Associatiounen iwwerholl. De „Groupe de support psychologique“ sengersäits geet och an Entreprisen, zum Beispill no engem Aarbechtsaccident. An deem Moment ass en an engem Gruppenencadrement.

Déi Fräiwëlleg maachen eng Formatioun vun 120 Stonnen iwwer zwee Joer. Dëst Joer ginn der zum Beispill 37 fäerdeg, wat der vill sinn, wéi d'Isabelle Decker betount. Dës Leit ginn awer gebraucht, an engem Grupp, deen an den 20 Joer, déi et en dëst Joer gëtt, keen Asaz verpasst huet. Interesséierter, déi am GSP matschaffe wëllen, sollen op d'mannst 21 Joer, am beschte Liewenserfarung, mä absënns eng zolidd psychesch Gesondheet hunn, wéinst de belaaschtenden Interventiounen. Dofir falen der och alt mol ewech, well d'Leit am Laf vun der Aarbecht mierken, datt et e schwieregen "Business" ass an net jiddereen der Saach gewuess ass.

Et huet een ni genuch Benevollen an et ass een ëmmer frou, wa Leit sech mellen, sou nach d'Verantwortlech fir d'Kommunikatioun.

Am ganzen 282 Asätz gouf et fir de GSP 2016. 79 Mol wéinst natierlechen Doudesursaachen, 50 Asätz wéinst déidlechen Accidenter op der Strooss, 51 Mol wéinst Suiciden, 1 Asaz wéinst enger Iwwerdosis, eng Interventioun wéinst engem Puppelchen, dee gestuerwen ass, an 13 Mol ass de GSP och a Schoulen intervenéiert. Donieft gëtt dës psychologesch Cellule vun der Protex och ëmmer méi iwwer Telefon gefuerdert. Lescht Joer am Ganzen 41 Mol a si war och 49 Mol mat derbäi, wéi d'Police Familljen huet missen iwwer den Doud vun engem Member informéieren.