De Laboratoire national de santé (LNS) kann elo och Diagnosen iwwer Distanz duerchféieren.

Télépathologie nennt sech des Prozedur, wou den Expert am Staatslabo dem Dokter, dee grad eng Operatioun duerchféiert, iwwer Telekommunikatioun ka Réckmeldunge ginn. Dëst ass zum Beispill wichteg, dass en Dokter kann decidéieren, ob a wéi vill vun enger Tumeur muss erausoperéiert ginn. Domat kann Zäit gewonne ginn an d'Durée vun der Anästhesie fir de Patient limitéiert ginn.

Dëse System, deen eng 641.112 Euro kascht huet, gouf zum gréissten Deel vun der Fondation Cancer finanzéiert. E Mëttwoch gouf dem LNS de System offiziell iwwerreecht.

Weltdag vum Kriibs bei Kanner
Haut ass den Weltdag vum Kriibs bei Kanner. An Europa ginn all Joer 35000 nei Fäll erfaasst. Zu Lëtzebuerg waren et der zejoert 149.