Et gëtt héich Zäit, dass hei op legislativem Plang eppes geschitt", dat seet de Paul Junck a mengt domadder d'Gesondheetswiesen hei am Land.

AUDIO: Federatioun Spideeler/Reportage Monique Kater

Méi speziell dat neit Spidolsgesetz. De President vun der Spidolsfederatioun weist drop hin, dass de Gesetzprojet eng liicht Ouverture géif bréngen, wat d'Organisatioun vun an an de Spideeler ugeet: bis elo wieren et de Patient a säin Dokter, déi géifen decidéieren, wat am Spidol geschitt; d'Direktioun hätt heirobber just ganz wéineg Afloss, monéiert de President vum Verwaltungsrot vun der Federatioun vun de Spideeler.

Duerch dat neit Gesetz géif d'Roll vun der Direktioun elo gestäerkt, freet sech de Paul Junck, deen awer preziséiert, dass d'Federatioun d'Dokteren besser an d'Struktur an och den Oflaf an de Kliniken abanne wéilt.

Den Ierger vun der Dokteschassociatioun géif een net verstoen, un hir Liberté therapeutique géif kee goen, a se géifen och beim Choix vum Material mat abezu ginn. De 17. Mäerz, also eng Woch no den Dokteren, huet dann och d'Federatioun vun de Spideeler Rendez-Vous bei der Gesondheetsministesch.