Ronn 302.000 Leit lauschtere pro Woch de Radio vun RTL Lëtzebuerg, d'Tëlee kucken 273.000 Spectateuren. 143.100 Visiteuren huet RTL.lu den Dag.

All 6 Méint loossen d’Regierung an d’Haapt-Medienhaiser via TNS-Ilres préiwen, wéi et ëm d’Consommatioun vun de Medien heiheem steet.

RTL Radio Lëtzebuerg gëtt am Duerchschnëtt vun 302.500 Leit d’Woch gelauschtert an ass domadder dee meescht-consomméierte Medium zu Lëtzebuerg.

70% vun den Nolauschterer sinn Lëtzebuerger, 30% auslännesch Residenten. Se lauschteren 2,5 Stonnen den Dag.

RTL Télé Lëtzebuerg gëtt an der Moyenne pro Woch vun 273.000 Spectateur suivéiert.

71% si Lëtzebuerger, 29% auslännesch Residenten. Si kucken Télé Lëtzebuerg all Dag 58 Minutte laang.

Mat 143.100 Visiteuren den Dag ass RTL.lu meescht-consomméierten Internet-Medium am Land. Dat sinn 28,6 Prozent vun der Populatioun.

Bei der Wochenaudienz beleet RTL domat d'Plazen 1, 2 an 3.

Mir soen Iech MERCI fir d'Vertrauen, dat Dir eis Dag fir Dag entgéintbréngt.

RTL