De Service am 'les Jardins d'Alysea' zu Krautem huet awer och säi Präis. An awer ass d'Fleegeheem ausgebucht.

Grad dorëms geet et. Hei soll de Pensionär éischter d'Gefill hunn, dat ganzt Joer an der Vakanz ze sinn. E Service, dee säi Präis huet. Dee sech awer net jidderee leeschte kann. Dat 27 Meter Carré-Zëmmer kascht 3.178 Euro de Mount, ouni d'Soinen. Dofir gehéiere Wierder wéi Mâitre d'Hotel, Chef de Rang, Gouvernante Générale zum Alldag.

115 Mataarbechter këmmere sech ëm 91 Pensionären. Vum Summer u kommen 44 nei Residente bäi. Leit, déi duerchernee sinn, déi un Demenz leiden. Patienten, déi ee ganz spezifeschen Encadrement brauchen.

Ee Confort, Sécherheet, ouni seng Fräiheet, seng Gewunnechten am Alter missen opzeginn. Eigentlech den Ideale Kader. Wou d'Tariffer vun der Gesondheetskeess just d'Drëps op de waarme Stee sinn. An awer, 'Les Jardins d'Alyséa' ass den Ament ausgebucht.

Eng Reportage vum Jeannot Ries