Nathalie Dondelinger an Alexandra Fernandez-Ramos wannen
5 Finalistinne sinn ugetruede fir de prestigiéise Präis vum "Woman Business Manager of the Year" ze gewannen.
Um Enn konnten Nathalie Dondelinger, d'Matgrënnerin vun der Recrutements-Applicatioun Kliber an d'Alexandra Fernandez-Ramos, Matgrënnerin vun Travelsify, de Präis mat Heem huelen.
Lancéiert gouf Kliber 2016, well e Video ebe vill méi ausseet iwwer e Kandidat op der Sich no Aarbecht wéi alleng en CV an eng Foto. Haut sinn am ganze 6 Leit hei beschäftegt.
Iwwer 100 Entreprisen schaffen hei am Land mat Kliber. De Lëtzebuerger Marché war Testmarché, viséiert gëtt de globale Marché.
D'lescht Joer gouf och Travelsify gegrënnt, wou mëttlerweil 15 Leit engagéiert sinn. D'Leit verléiere vill ze vill Zäit bei der Sich nom richtegen Hotel an duerfir hunn si eng Technologie entwéckelt, déi hëlleft Hoteller no de Preferenze vun de Clienten ze filtréieren.
Travelsify huet mëttlerweil eng Base de Donnée vu 400.000 Hoteller weltwäit a couvréiert iwwer 80% vum Hotelsecteur.
Déi zwou Power-Frae soen allebéid wat ee brauch fir sech duerchzesetze sinn: eng Visioun, Courage, dat richtegt Team, de Glawen u seng eegen Iddien an de Wëllen, vill ze schaffen.