E Samschdeg fänkt déi éischt Aktiounswoch ouni Alkohol un. „Alkohol, manner ass besser“ heescht de Motto.

De Schwéierpunkt an dësem Joer läit um Sujet „Keen Alkohol um Vëlo an am Auto“. Den Alkohol ass ëmmerhin den zweetheefegste Grond fir déidlech Accidenter. Matmaache bei der Aktiounswoch ass ausdrécklech erwënscht.

AUDIO: Alkohol-Präventiounscampagne / Reportage Ben Frin

D'Präventiounscampagne géint den ze vill héijen Alkoholkonsum setzt an éischter Linn op d'Engagement vu Bierger. Fräiwëlleger sollen an der Ëffentlechkeet, a Schoulen an op der Aarbecht informéieren an de Problem Alkohol uschwätzen. Um 11.30 Auer e Samschdeg de Metten ass eng gréisser Aktioun an der Groussgaass geplangt, wéi vill Leit matmaache war leider net gewuer ze ginn. Ugeschwat ginn all déi, déi Alkohol konsuméieren, an dat sinn ëmmerhin 90% vun de Leit.

Den Alkoholkonsum ass zu Lëtzebuerg wäit verbreet, seet d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch. Eng 30.000 Leit hunn hei am Land en Alkoholproblem, wouvun der 4.000 bis 5.000 staark Alkoholofhängeg sinn. Erschreckend Zuelen fir e klengt Land, sou nach d'Lydia Mutsch.

Den Alkohol ass an eiser Gesellschaft akzeptéiert, dass e kann ofhängeg maache wëssen zwar déi meescht, wéi héich awer déi gesondheetlech Risike sinn, gëtt dacks verdrängt. Den iwwerdriwwene Konsum vun Alkohol fir méi wéi 60 verschidde Krankheeten responsabel ass, präziséiert d'Gesondheetsministesch.

Schonn dat zweet Glas Béier oder Wäin all Dag ass e Risk fir d'Gesondheet. Wien ënnert dem Afloss vun Alkohol mam Vëlo oder am Auto ënnerwee ass, ass net nëmmen eng Gefor fir sech selwer, mee och fir déi aner, schonn nom éischte Glas geet d'Onopmierksamkeet vum Chauffer zeréck.