Duerch d'Vakanz ware vill Spender net am Land. Dofir hat d'Croix Rouge d'Bluttspender opgeruff, déi dierfen a kënne goen op, virum 10. Juni ze goen.

Nodeems d’Croix Rouge e Mëttwoch en Appel lancéiert hat, fir Blutt spenden ze goen, well d’Reserven am Land knapps gi sinn, sinn eleng um Donneschdeg 180 Leit Blutt  bei si spenden komm. Dat ass en neie Rekord fir een Dag, schreift d’Lëtzebuerger Wort.

Am Schnëtt kommen pro Dag eng 80 Leit bei d’Rout Kräiz.

Wéinst der Päitschtvakanz haten d’Reserven ugefaang knapp ze ginn. Elo wieren Se nees gutt gefëllt.

Duerch den Appel, gouf et och vill nei Leit, déi sech als Bluttspender an d’Datebank vum Roude Kräiz wollten aschreiwen loossen.

De Centre de Transfusioun Sanguine um Boulevard Joseph II an der Stad ass um Mëttwoch an Donneschdeg bis 18 Auer an e Freideg bis 16 Auer op.