Liewesqualitéit, Kompetitivitéit a Kontinuitéit

E Mëttwoch de Moien huet de Finanzminister Pierre Gramegna de Budgetsprojet deposéiert - mat 12 konkrete Piste fir méi Liewensqualitéit a Kompetitivitéit.
Wéi et scho bal Usus ass, kënnt de Budget ënnert enger origineller Form an d'Chamber - déi Kéier ass et e Bic mat engem USB-Stick dran. An natierlech ass de Bic aus zertifiéiertem Holz. Méi wichteg ass awer dat, wat drop ass: déi zwee Volumme vum Budget, 2 Factsheets an 13 Infografiken.
PDF: Déi komplett Budgetsried vum Finanzminister Pierre Gramegna
Mir maache keng Politik fir déi nächst Wahlen, mä mir maache Politik fir déi nächst Generatioune. Dat sot de Finanzminister Pierre Gramegna um Mëttwoch de Moien an der Chamber, wéi en de Budget vum nächste Joer presentéiert huet. An effektiv kréien d’Bierger esou munch kleng Kaddoen. Sief et beim Congé partental, bei de Schoulbicher, oder bei de Check Services. Vun engem gudde Budget ass Rieds gaangen, vun engem Budget, deen d’Liewensqualitéit vun de Bierger a wéi gesot déi nächst Generatiounen an d‘Gerechtegkeet an de Fokus stellt. Allem an allem schwätzt de Minister vun enger gesonder Finanzpolitik.
Fir dat anert Joer geet de Finanzministère vun engem Defizit vu 890 Milliounen Euro aus, dësen ass liicht manner héich wéi am leschte Budget.
D'Staatsschold geet 2018 viraussiichtlech op 14 Milliarden Euro erop. Lëtzebuerg wier en europäesche Musterschüler, deen d'Stabilitéit- a Wuesstemskritèren als eenzegen ëmmer géif respektéieren.
D'Staatsfinanze gesäit de Pierre Gramegna op zolitte Féiss. 2021 sollt den Defizit am Zentralstaat mat 89 Milliounen op den niddregste Stand zanter 2008 Joer falen.
De Staat plangt fir 2018 gutt 17,3 Milliarden eranzekréien. 18,2 Milliarden stinn op der Depensesäit. Investitiounen si beim Staat geplangt.


Am Enseignement an an der Kannerbetreiung solle 500 nei Poste geschafe ginn.

D'Police an d'Sécherheetsdéngschter kréien op d'mannst 100 Leit bäi. Mat 14,7 Milliounen Euro bedeelegt sech de Staat un de Käschte vum neie Gebai vun de Rettungsdéngschter vun der Stad Lëtzebuerg.
Steierverwaltung: D'Administration des contributions directes kritt 100 Leit bäi, den Enregistrement der 20. Fir de villen internationalen Aufgaben nozekommen an heiheem d'Bierger weider gutt ze zerwéieren, wäert de Staat 2018 am ganzen 533 nei Poste schafen.
A propos Besteierung. Bei den net onëmstriddene Stock-options op der Finanzplaz soll de Steiersaz eropgoen. Ierfschaften sinn an Zukunft och steierfrei wann eng gepacsten oder bestuete Koppel keng gemeinsam Kanner hunn. E Geste fir Patchworkfamilljen. D'Besteierung vun de Frontalieren gëtt wéi annoncéiert un déi vun de Residenten ugepasst.
Déi nei Kannerbetreiung schléit bei de Chèques-services mat 380 Milliounen ze Buch. Dat sinn 10,5% méi wéi zejoert.
Am Logement ginn d'Programmer fir d'Subventiounen fir soziaalt Wunnen eropgesat.
Fir den Ausbau vum Tram ginn an den nächste 3 Joer 229 Milliounen Euro investéiert.
Um Gebitt vum Sport sinn 120 Milliounen Euro virgesinn. De Staat investéiert an deem Kader an 33 nei Projeten, dorënner 3 Centres sportifs, 15 Sportshalen an 3 Fottballsterrainen. De Staat investéiert ausserdeem an den Opbau vum "Luxembourg Institute for High Performance in Sports", deen och als Olympia-Stëtzpunkt dénge soll.
De Budget vum Kulturministère geet vun 124 Milliounen op 141 Milliounen 2018 erop.
D’Resultater am Budget, déi de Pierre Gramegna déi leschte Kéier an dëser Legislaturperiod presentéiert huet, wiere remarkabel esou de Finanzminister, besonnesch och well een duerch d’TVA op den E-Commerce déi ewechgefall ass, d’Steierreform an den héijen Investissementer, awer op esou gutt Chifferen am Budget géif kommen.
PDF: Grafiken - Finances publiques
PDF: Grafiken - Mesures fiscales
Reaktiounen
D'Majoritéitsfaarwe schwätzen no der Presentatioun vun engem Budget vun der Kontinuitéit, deen de Kritären entsprécht a mat deem d'Land op d'Zukunft géing preparéiert ginn. D'Steierreform, déi héich Investissementer souwéi sozial Elementer an der Presentatioun vum Finanzminister Gramegna gi gelueft.
Eng ganz aner Laun haten d'Vetrieder vun der Oppositioun um Gank vun der Chamber. De Gast Gibéryen stellt de Rekordwuesstem op deem opgebaut gëtt un de Pranger a gesäit an him d'Haaptursaach vun alle Problemer. Fir den ADR-Deputéierten ass deen Defizit dann och einfach net normal.
Gast Gibéryen: Wann een an engem Land e Rekordwuesstem huet iwwert Joren, an et schreift een trotzdeem am Zentralstaat all Joer en Defizit an och d'nächst Joer erëm en Defizit vun 900 Milliounen, da muss ee sech Froe stellen.
Sou Froe stellt sech dann och den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler.
Claude Wiseler: Ech gesinn, dass et e Budget vun der Kontinuitéit am Defizit ass. Och dëst Joer hu mer erëm 900 Milliounen Euro Defizit. An engem Joer, wou e Wirtschaftswuesstem vu 4 bis 5% ass, fir mech ass dat onverständlech an och inakzeptabel.
Wéini sollt ee kucke fir Reserven ze maachen an an den Equiliber ze kommen, wann net an enger Zäit, wou mer quasiment 5% Wuesstem hunn. Esou géif een d'Zukunft net virbereeden, sou nach de Claude Wiseler. An dëser Legislaturperiod géif den Defizit monter weidergefouert ginn an no 2019, 2020, 2021 géing een dann erëm wéi duerch Zoufall an den Equiliber kommen. Da misst eng nächst Regierung dat riicht béien, wat hei falsch gemaach gi wier. Fir de Claude Wiseler wieren dat Märercher, sou géif dat net goen, sou wier d'Realitéit net.
Eng nächst Regierung hätt also guer kee Spillraum méi wann dës Versprieche missten agehale ginn, mengt de CSV-Spëtzekandidat fir déi nächst Chamberwahlen.
A punkto Investissementer wier net vill Neies am Budget ze fannen, heescht et nach weider vum Claude Wiseler. Et géinge Gadegete verdeelt ginn, déi zwar eenzel gesi vläicht flott wieren, mä ënnert dem Stréch misst gekuckt ginn, wat da wierklech um Enn dobäi eraus kéim.
Déi kleng Gadgeten, déi d'Regierung verdeelt, wieren zwar schéin, se wieren awer net d'Léisung fir déi wierklech Problemer, huet den David Wagner vun "Déi Lénk" gemengt. E gréisse Problem gesäit den David Wagner beim Wuesstem. Fir hien ass et geféierlech, wann een de Wuesstem a Verbindung mat de Pensioune setzt. De Wuesstem wär och kee Garant vu Solidaritéit, vu sozialer Sécherheet an Ecologie.
[widget type="liveticker" ticker="cat_live_111017"]