Nei Pëll als weider Präventiounsmoossnam géint Aids
Well d'HIV-Epidemie am Grand-Duché weider op héijem Niveau ass, gëllt et, d'Aids-Preventioun fir Risikogruppen z'iwwerdenken.
An deem Sënn gëtt et zanter Enn 2016 d'Pilotconsultatioun PREP am CHL. PREP steet fir "prophylaxie pré-exposition" an ass en neie Preventiounsmoyen, nieft 3 aneren, déi ewell existéieren. Si erlaabt enger Risikopersoun, déi net infizéiert ass an net systematesch op e Kondom zeréckgräift, den Infektiounsrisiko ze reduzéieren, andeems se entweder permanent oder just vun Zäit zu Zäit Medikamenter hëlt, sougenannt "Antirétroviraux". D'Huele vum Medikament hänkt dobäi vum jeeweilege Risikoverhalen of.
Dem zoustännegen Dokter no huelen zanter Abrëll/Mee méi Leit déi PREP. De Moment wären et 22 vun am Ganze 35 Persounen, déi sech heifir interesséiert haten, an et sinn der 6 kuerz virdrun, domat unzefänken. De Medeziner rechent mat bis zu 100 Patienten an den nächste 6 Méint.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Christophe Hochard
Den Dr. Vic Arendt vum Service national des maladies infectieuses am CHL sot zu Etüden zur PREP dat heiten: Déi bescht Etüden dozou sinn aus England an aus Frankräich. Bei der enger hunn d'Partienten all Dag eng Tablet vun deem Medikament geholl an d'Reduktioun vum Risque fir sech unzestieche loung bei 85 Prozent. Eng franséisch Etüde, wou se d'Medikamenter nëmmen huelen, wa se e Risikoverhalen hunn an nach zwee Deeg duerno, loung den Taux de réduction des risques och bei ongeféier 85 Prozent.
E Schutz vun 100 Prozent gëtt et also och heimat net. D'PREP gëtt de Moment an 3 europäesche Länner (Frankräich, Norwegen a Lëtzebuerg) zeréckbezuelt. Am Grand-Duché gouf et den entspriechenden Accord dofir am Mee. Am Ufank vum Joer hat ee schonn e puer Leit ënnert den Traitement gesat. Si ware bereet d'PREP aus der eegener Täsch ze bezuelen, wat eng 500 Euro de Mount waren respektiv hu si se an Asien kaaft, wou se tëscht 30 a 50 Euro kascht.

Woubäi d'PREP, an dësem Fall d'Medikament Truvada, de Kondom net soll ersetzen, sot den Dr. Vic Arendt. Zu de Konditiounen, fir vun der PREP profitéieren ze kënnen, war et dës Ausso: Et muss een en héicht Risikoverhalen hunn, dat heescht et muss een 2 Partner mat ongeschütztem Geschlechtsverkéier an de leschte 6 Méint gehat hunn. Dat ass den offizielle Kritär, deen hu mir vu Frankräich iwwerholl.
Den optimale Suivi wär eng Bluttanalys all 3 Méint, sou de Medeziner, an dat wär och den Zäitraum, an deem sech d'Risikogruppen optimalerweis ëmmer sollte préiwe loossen. Well AIDS net méi als déidlech Krankheet géif ugesi ginn, géif d'Risikoverhalen an d'Luucht goen: Zejoert gouf et dann och eng 90 nei Infektiounen hei am Land an der ewell ronn 50 dëst Joer. Domat läit eist Land europawäit gesinn op engem relativ héijen Niveau, woubäi dës Zuelen, am Géigesaz zu aneren, wuel no un der Realitéit wären.

Iwwregens gouf et an de leschte Méint och iwwer 100 Behandlunge wéinst Syphillis, wéi den Dokter aus dem Service national des maladies infectieuses am CHL ënnerstrach huet.
Zum Fait, dass dës Persounen net systematesch op e Kondom zréckgräifen, sot de President vu Stop Aids Now/Acces, Henri Goedertz, e Freideg de Moien, dass dës zwar bedauerlech ass, mä wa Méiglechkeeten do sinn, kéint een de Problem net einfach hinhuelen.