De Léon Bollendorff ass dout. Den CSV-Politiker ass e Sonndeg am Alter vu 96 Joer gestuerwen. De Léon Bollendorff war 10 Joer laang Chamberpresident.

De Léon Bollendorff gouf den 31. Mäerz 1915 zu Waasserbëlleg gebuer. Hie war bestuet mam Margot Kinnen, déi ewell 2006 verscheet ass. Zesummen hate si 4 Jongen.

De fréiere Professer war am Zweete Weltkrich an der Resistenz. De Léon Bollendorff ass nom Generalstreik 1942 verhaft ginn a koum an de KZ op Hinzert an duerno an en Aarbechtslager a Polen.

Den CSV-Politiker ass 1955 eng éischte Kéier an de Stater Gemengerot gewielt ginn a gouf 6 Joer duerno och Schäffen. 1994 huet sech den Deputéierten aus senger politescher Carrière zréckgezunn.

Vun 1969 bis 1994 war hien Deputéierten a vun 1979 bis 1989 och Chamberpresident.

RTL